Ufank vun de Prouwe bei der Izeger Musek

Ufank vun de Prouwe bei der Izeger Musek

Et ass nees esou wäit.
D'Saison 2019/2020 vun der Izeger Musek start nächste Freideg mat der éischter Prouf. Jonk an Al freeë sech fir nees zesumme Musek ze maachen.
Dobei ass dëss Saison eng ganz speziell, well d'Fanfare vun Izeg 2020 hiren 100 jährege Gebuertsdag feiert. Et gëtt bestëmmt stresseg, mee wéi dat zu Izeg esou ass, wäerte mir mat all onse Supporteren an Inviteeë vill flott Stonne verbréngen.
De Programm vun der Musek a vum Organisatiounscomitee kënnt dir elo schon op http://fanfizeg.org consultéieren.