Standing Ovation fir d'Izeger Musek an de Steven Klopp
Fanfare Izeg

Standing Ovation fir d'Izeger Musek an de Steven Klopp

Leschte Sonndeg (9/12/2018) wor eng lass an der Izeger Kierch.

D'Izeger Musek huet, ënner der Leedung vum Lynn Mohr, mat engem fir dës Zäit ongewinnten, schmassege Concert d'Chrëschtzäit an der schéiner Izeger Kierch agelaut.

Déi gutt besate Musek huet de Steven Klopp duerch de Programm begleet. E Programm deen op schwongvoll Aart a Weis déi bekanntsten Chrëschtmelodien aus Film a Musical  opzeweisen hat. Klassesch Chrëschtlidder a moderner Form, vum Judy Garland iwwer de Frank Sinatra, Bing Cosby bis bei d'Mariah Carey an de Michael Bublé goufe vum Steven Klopp majistral virgedroen.

Presentéiert gouf de Programm vun de jonke Musikanten, déi deelweis hiren éischte Concert am groussen Ensembel matgespillt hunn a fir déi dësen Dag een onvergiesslecht Erliefnis bleiwe wäert.

D'Publikum an der voll besater Kierch wor dann och begeeschtert an huet d'Musikanten an enger Standing Ovation opgefuerdert nach weider zwou Zugaben ze spillen.   

Et wor ee flotten Dag an den hellegen Hubert huet sech iwwer déi onmoosseg Begeeschterung a senger Kierch gewonnert.

Weider Fotoe vum Concert fannt dir op http://fanfizeg.org