
Open-air Concert vun den Izeger Heebléiser
Open-Air Concert vun der Izeger Musek
Fir déi méi roueg Zäit ze iwwerbrécken, spillen d’Izeger Heebléiser nächste Freideg, den 10. Juli owes, vun 18h30 un, e puer spontan, kleng Open-Air-Concerten op verschidde Plazen (Kierfech, op der Corniche, am Hora am Duerf.
Fir d’Musikanten ass dat eng gutt Geleejenheet fir de Stëps aus den Instrumenter ze blosen a mir hoffen allen Nolauschterer kënne mir domatter eng Freed maachen.
Um Site vun der Musek (https://fanfizeg.org) gesitt dir ëmmer aktuell wéi et weider geet mam Programm vun der Izeger Musek.