Nationalfeierdag bei der Izeger Musek

Nationalfeierdag bei der Izeger Musek

Wéi ëmmer wor den Nationalfeierdag eng Erausfuerderung fir all Member vun der Fanfare Izeg. Nieft den offizielle Feierlechkeeten vum Nationalfeierdag organiséiert d'Izeger Musek hiert traditionellt Grill- a Museksfest bei der Spuerkeess zu Hesper. Fréi moies, ass et duerfir lass gaangen, wéi Opriichten an Arichte vun de Stänn an Ugrëff geholl gouf. Em 17:00 Auer wor et esou wäit. Déi éischt Kotlette louchen um Grill an d'Béierfaass war ugestach. Fir eng Partie vun de Leit wor et Zäit fir sech fir den Te Deum ze preparéieren. Déi Aner hunn de Service assuréiert. Um Houwald huet d'Fanfare Izeg mat engem groussen Deel vun den aktive Musikanten zesumme mat de Kollege vun der Hesper Musek um Te Deum an un den offiziellen Feierlechkeete deel geholl. Dat Ganzt ënner der Direktioun vum Lynn Mohr. D'Sonnerie ass vum Jean-Claude a Pit Zahlen bei der Gerbe Niderleeung gespillt ginn. Duerno ass et dunn nees op Hesper gaangen, wou déi eng nach e bësse geschafft an déi aner e wuel verdéngten Humpe gedronk hunn. Dëst Joer huet d'Wieder matgespillt an zu enger gudder Stëmmung bäigedroen. No enger kuerzer Nuecht ass et dann op Nationalfeierdag weider gaangen. Iwwer Mëtteg hunn d'Izeger Heebléiser mat Lëtzebuerger Lidder fir déi richteg Stëmmung gesuergt. Ons Gäscht hu sech et bei engem kille Pättchen, bei enger Gegrillter Kotlett oder gudde Kniddele gutt goe gelooss. Am Nomëtteg waren dunn d'Blue Stars am Asaz fir d'Leit mat flotter Stëmmungsmusek ze ënnerhalen. Gutt ukomm sinn d'Cocktailer déi mat fachmännescher Kompetenz vum Luc a Michelle zesumme gemixt goufen. D'Stëmmung wor gutt an um Enn vum Dag waren d'Frigoen eidel. Duerfir een décke Merci un all d'Visiteuren, déi duerch hir Präsenz dozou bäigedroen hunn, dass d'Grillfest 2018 e grousse Succès war. Mir hoffen iech d'nächst Joer op der nämmlechter Plaz erëm ze gesinn.

Weider Informatiounen a Fotoen op http://fanfizeg.org/