Kiermesbal zu Izeg
Affiche vum Kiermesbal 2019

Kiermesbal zu Izeg

Zu Izeg steppt de Bier um traditionelle Kiermesbal, dee wéi ëmmer vun der Fanfare Izeg, dem Blo-Wäiss Izeg an dem Fiederball Izeg organiséiert gëtt.
De Bal ass am Sall am Duerf. D'Musek mecht den DJ Tony.
Den Entrée kascht 5,- EUR am Virverkaf an 8,- EUR op der Plaz. Am Präiss ass wéi ëmmer eng Tombola abegraff.