Kiermes zu Izeg

Kiermes zu Izeg

Mat engem ustrengenden, mee flotte Weekend huet d´Izeger Musek hier kulturell Hierscht- a Wantersaison ugefaangen.

Nodeems ëm Freideg, den 2. November d´Jugend d´Kiermes mat méi haarden Téin um Kiermesbal gestart huet, war et Samschdës un der ganzer Musek fir gutt gelaunt am Duerf den Hämmelsmarsch ze spillen. Géint der Owend ass dunn a Präsenz vun de Gemengevertrieder an den Duerfveräiner d´Ouverture vun der Kiermes zelebréiert ginn.

Fir d´Musikanten ass de laangen Dag bei engem gemittlechen Iessen, dat d´Frënn vun der Musek offréiert haten, zu Enn gaangen.

Merci un all déi, déi zu dem gelongen Dag bäigedroen hunn.

D´Fotoen a weider Informatiounen gëtt et op : http://fanfizeg.org