Hämmelsmarsch 2020 mat der Izeger Musek
Hämmelsmarsch 2020 zu Izeg

Hämmelsmarsch 2020 mat der Izeger Musek

Wéngs dem Coronavirus kënne mir leider 2020 keen Hämmelsmarsch an den Izeger Stroosse spillen. Fir trotzdeem een Hauch vu Kiermesstëmmung ze vermëttelen spillt den "Corona-Distance-Orchestra" vun der Izeger Musek Iech den "Hämmelsmarsch" an " 't ass Kiermes am Duerf " aus der virgeschriwwener Distanz. Mir soen elo scho jidderengem, deen ons e klengen Don op de BANKKONT CCPL : IBAN LU75 1111 0188 6648 0000 oder op den Digicash 621 829 269 vun der Musek mécht, villmools Merci

Lauschtert den Hämmelsmarsch op : https://youtu.be/0J2vtzJlriA

Weider Informatiounen iwwer d'Izeger Musek op : https://fanfizeg.org/