Generalversammlung 2018

Generalversammlung 2018

 

Generalversammlung 2018

20.02.2018 am Sall am Duerf zu Izeg


Nodeems d‘Frënn vun der Izeger Musek de Rapport iwwer hir Aktivitéiten vun 2017 gemaach haten, war et un der Fanfare Izeg fir de Bilan ze maachen.

De Vizepresident Albert Werner konnt e gutt gefëllte Sall begréissen, ënner anerem vill Vertrieder vum Schäffen- a Gemengerot, Madame Unsen vun der UGDA an d‘Vertrieder vun de verschiddene Veräiner aus dem Duerf an der Gemeng. Mat enger Gedenkminutte huet hien un déi verstuerwe Memberen aus der Musek erënnert, dorënner fir un allem dem Romain Mohr, laangjärege Musikant an Sekretär vun der Musek. En häerzleche Merci huet hien un d‘Ënnerstëtzer vun der Musek geriicht an dobäi d‘Gemeng Hesper, d‘Frënn vun der Izeger Musek an d‘Sponsore vun der Musek besonnesch erwähnt. Weider huet hien seng Demissioun aus dem Comité, wou hien iwwer Joerzéngten aktiv wor, aus Altersgrënn, bekannt gemaach. Hien ass frou dass d‘Musek mam Lynn Mohr eng ideal Léisung fir de Poste vum Dirigent fonnt huet a seet dem Lynn villmools Merci fir den Asaz, deen hatt un den Dag leet.

De Pit Zahlen huet den Aktivitéitsbericht vum Joer 2017 op Basis vun enger Diashow virgedroen. Dobäi huet sech nees gewisen, dass d‘Izeger Musek eng gutt beschäftegt Saison hannert sech huet. Am ganzen haten déi 57 Membere vun der Musek 18 Sortien, dovun 8 Concerten. Et ass 44 Mol geprouft ginn. De Comité wor 10 Mol zesummen an huet u 5 weidere Versammlungen deel geholl.

Vum Här Buergermeeschter an der Madame Unsen sinn dunn 11 Memberen fir hir Déngschter an der Izeger Musek ausgezeechent ginn. Dem Chantal Mohr ass eng Erënnerung un de Romain Mohr iwwerreecht ginn.

D‘Catherine Frères huet de Bilan presentéiert, dee leider dëst Joer mat engem Defizit ofgeschloss huet, deen d‘Musek awer verkraafte kann op Grond vun engem gesonde Fong. No dem Avis vun de Keeserevisoren Karel Motzer a Marco Streff huet d‘Versammlung der Keessiaire d‘Entlaaschtung ginn. De Mandat vun de béide Keeserevisoren gouf vun der Versammlung fir ee weidert Joer verlängert.

De Conseil d‘administration huet opgrond vun der Demissioun vum Albert Werner a dem Doud vum Romain Mohr missen nei organiséiert ginn. President ass elo de Pit Zahlen, Vizepresident ass d‘Nathalie Dostert. De Marc Kruchten iwwerhëlt d‘Sekretariat an d‘Keess bleift onverännert beim Catherine Frères. Weider Membere vum Conseil sinn den Harry Daemen, de Jacques Feinen, den Hervé Gounou an d‘Lynn Mohr.

De Marc Kruchten huet deen elo scho gutt gefëllte Programm fir 2018 virgedroen.

Nodeems de Marc Lies am Numm vun der Gemeng säi Bäileed zum Doud vum Romain Mohr ausgedréckt huet, huet hien der Musek Merci gesot fir alles wat si am Laf vum Joer fir d‘Duerf an d‘Gemeng geleescht hunn. Hien huet drop higewisen, dass de Centre Culturel am November 2018 definitiv ageweit soll ginn an domat hätt d‘Musek endlech och eng Plaz, wou se hir Concerten ënner gudde Bedingunge spille kéint. Senge Wierder huet sech d‘Angèle Unsen ugeschloss an d‘Felicitatioune vun der UGDA ausgedréckt. De Gaston Zens als President vun der Izeger Entente huet sech dankbar gewisen andeems hien ënnerstrach huet, dass Musek ëmmer do ass, wann d‘Entente si brauch.

Zum Schluss ass och d‘Dirigentin Lynn Mohr zou Wuert komm. D‘Lynn ass houfreg, elo vir un där Musek ze stoen, wou hatt grouss ginn ass an et freet sech, dass d‘ Musikanten mat Freed an Asaz seng Propositiounen iwwerhuelen. Dofir erënnert et och nach emol un de Fréijoersconcert, de 17. Mäerz, deen dëst Joer ënnert dem Motto „Take me to Neverland“ steet a wou nieft Disney- Musek eege Video-Produktioune gewise ginn. E Merci geet och vun him un d‘Frënn vun der Musek, déi dëst Joer déif an d‘Täsch gegraff hunn an der Musek um Fréijoersconcert een aussergewéinlecht wäertvollt Instrument iwwerreeche wäerten.

Fir seng Verdénschter krut den Albert Werner vum Pit Zahlen e Cadeau iwwerreescht

Mat enger klenger Agappe vun de Frënn vun der Musek ass den Owend ofgeschloss ginn.