
Fanfare Izeg, Generalprouf am CELLO
Fanfare Izeg, haut den Owend am CELO
Et ass esou wäit. Haut den Owend, um 20:00 Auer, spillt d‘Izeger Musek hiren éischten offizielle Concert am neie Concertssall vum CELO zu Hesper.
Déi iwwer 50 Musikanten si frou fir ënner der Leedung vum Lynn Mohr ee flotte Programm presentéieren ze kënnen. Freet iech op fatzeg Melodie vu Led Zeppelin oder vun der Queen of Soul, dem Aretha Franklin, op Filmmusik aus Sweeny Todd a Black Panther. Dat ganzt gëtt mat fantastesche Melodien, wéi de Grammy- ausgezeechente Baba Yetu a For The Beauty of The Earth ergänzt. Net ze vergiessen, ons jonk Musiker déi iech de Windsong mat Begleedung vum groussen Orchester virdroe wäerten. Loosst iech dat net entgoen.
Duerch den Owend féiert d‘Josée Braun.
Den Entrée ass 5 €.