
Invitatioun Escher Stadmusek
Concert vun der Escher Stadmusek am CELO
D'Izeger Musek erënnert un den Éireconcert vun der Escher Stadmusek, deen nächste Samschdeg ënner der Direktioun vum Jean Thill am CELO gespillt gëtt. De Concert gëtt vun der Unioun Grand-Duc Adolphe am Kader vum 100 järegen Anniversaire vun der Izeger Musek offréiert.
Den Ufank ass um 19:30 Auer. Fräien Entrée. Keng Reservéierung.