
Affiche 'In Memoriam'
Concert 'In Memoriam' an Ausstellung am CELO
De 6. Mee um 19H30 an de 7. Mee um 15H30 spillt d'Fanfare Izeg de Concert 'In Memoriam' am CELO zu Hesper.
Den Entrée ass 10,- EUR (Kanner si fräi) an d´Tickete kënnen online op https://www.luxembourg-ticket.lu/ oder iwwer Telephone 4708951 bestallt ginn.
Weider Informatiounen iwwer d'Fanfare Izeg op https://fanfizeg.org.
An deem Zesummenhang organiséieren d'Geschichtsfrënn Hesper eng Ausstellung déi dir vum vum 3. bis de 7. Mee kucke kënnt.