
Affiche Chrëschtconcert
Chrëschtconcert zu Izeg
Chrëschtdag steet vir un der Dir an nächste Sonndeg um 17:00 Auer invitéiert d'Izeger Musek op hire Chrëschtconcert an der Izeger Kierch.
D‘Fanfare Izeg spillt ënner der Leedung vum Lynn Mohr e flotten, der Joreszäit ugepasste Concert. Duerch de Programm féiert d’Josée Braun.
Loosst den alldeegleche Stress hannert Iech, kommt an déi schéin Izeger Kierch a loosst Iech op eng schéi Chrëschtzäit astëmmen.
„It's the most wonderful time of the year“.
Nom Concert gëtt et fir jidderee Glühwäin oder Choky.
Den Entrée ass fräi.
Weider Informatiounen iwwer d'Fanfare Izeg op http://fanfizeg.org