
Ceciliendag bei der Izeger Musek
Ceciliendag ass den Dag vun de Sänger a Musikanten.
Duerfir hällt d‘Izeger Musek, grad wéi d‘Chorale vun Izeg, all Joer drop, fir deen Dag moies an der Kierch, d‘Mass zu Éiere vun der helleger Cäcilia ze animéieren. Dëst Joer huet de Blechensemble vun der Izeger Musek, ënner der Leedung vum Lynn Mohr, dës flott Charge iwwerholl.
Am Nomëtteg ass dunn d‘ganz Musek zu Réiser ugetratt, fir um Hierschtgala vun der Réiser Musek ee Concert ze spillen. Et war ee sympathesche Nomëtteg, wou d‘Izeger Musek den éischten Deel vir un der Harmonie vu Réiser gespillt huet. Fir ofzeschléissen hunn déi zwou Museken dat lescht Stéck zesummen op enger gutt gefëllter Bühn gespillt.
Den Owend ass bei engem gemittleche Pättchen zu Enn gaangen.
D‘Fotoe vun dësem Weekend kann ee sech op der Homepage vun der Izeger Musek (http://fanfizeg.org/) ukucken.