Skip to contentSkip to footer
Fanfare Izeg

Fanfare Izeg
Fanfare Izeg

Umellen

Wëllkomm


Merci dass der bei der Izeger Musik era luusst.

D'Izeger Musek gouf 1920 gegrënnt a gehéiert zanterhier zum kulturellen Duerfliewen.

Haut besteet de Veräin aus enger dynamescher Equipe vu 60 Musikanten, déi bei all Manifestatioun am Duerf fir déi adequat Stëmmung suergt. Doriwwer eraus vertrëtt d'Izeger Musek d'Duerf iwwer d'Grenze vun der Hesper Gemeng eraus, sief et duerch sëlleche Concerten oder duerch Optrëtt vun der Strëpp, den Heebléiser.

All Saison studéiert a presentéiert d'Izeger Musek, ënner der Direktioun vum Lynn Mohr,  dräi Programmer: e Chrëschtconcert, e Galaconcert am Fréijoer an e lëftege Summerprogramm. De Repertoire ass enorm a geet duerch all Beräicher vun der Blosmusek.

D'Stëmmung an der Musek ass richteg gutt an den Asaatz vun de Musikanten an alle Leit ronderëm ass enorm. Am Schnëtt huet d'Fanfare am Joer ca. 30 Manifestatiounen déi an enger flotter Ambiance iwwer d'Bühn ginn.

Weider Informatiounen iwwer d'Izeger Musek um offizielle Site : fanfizeg.org

Sponsoren

  • HEKTAR sàrl - Logo
  • Atelier Ligna - Logo
  • Peinture Dany - Logo
  • LEMOS Constructions - Logo
  • Maison viticole Schmit-Fohl - Logo
  • Institut de beauté Alexa Ballmann - Logo
  • Agence Foyer - Logo
  • HEKTAR sàrl - Logo
  • Atelier Ligna - Logo